20. September 2003: Commémoratiounsfeieren zu Hinzert

De Conseil national de la Résistance - zesumme mat dem Comité directeur du Souvenir de la Résistance an der Amicale Hinzert - lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, de 20. September, ze bedeelegen, waméiglech mat hire Fändelen.

Och un d’Familje vun de Victimen an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger riicht sech dësen Appell.

D’Mass ass ëm 14.30 Auer virun der Hinzerter Kappell. Si gëtt gehale vum Professer François Reding ënnert der Matwiirkung vum Gesangveräi vu Méisdref/Miersch.

Déi international Feier ass ëm 15.30 Auer. Si gëtt musikalesch encadréiert vun enger däitscher Musék an dem Lëtzebuerger Trompettist Edmond Faber. D’Gedenkusprooch gëtt gehale vum Här Gilles Favret, franzéische Generalkonsul an Däitschland.

Bäi schlechtem Wieder gëtt d’Ceremonie bäi dem Monument an engem Zelt ofgehalen.

Hei de Programm vun de gratis Bussen, déi op Hinzert fueren:

Nordstreck:

Bus A (Stephany): 10.15:Elwen/Gare; 10.20:Weiler/Halt; 10.25:Helzen/Bushalt; 10.30:Houffelt/Halt; 10.40:Eselbuer/Halt; 10.45:Clierf/Gare; 10.55:Marnech/Kierch; 11.05:Housen/Kierch; 11.15:Schincker; 11.35:Veianen/Gare; 11.40:Bëttel/Halt; 11.45:Furen/Halt; 11.50:Tandel/Halt; 12.05:Dikrech/Kierch; 12.10 Angelduerf/Bréck 12.15:Ettelbréck/Pensionat; 12.50: Iechternach/Gare; 14.00:Hinzert

Streck West-Süd-Ost:

Bus B (Demy Cars I): 11.30:Äischen/um Denn; 12.05:Habscht/Schoul; 12.10:Stengefort/Kierch; ); 11.55:Käerjeng/Kierch; 12.00:Käerjeng/Biff; 12.10:Déifferdang/Contournement (Grousse Rond Point); 11.15:Uewerkuer/Post; 12.20:Bieles/Post, Policebüro; 12.30:Esch/Gare; 12.35:Schëffleng/Kierch; 12.40:Käl/Post-Groussgaass; 12.45:Rëmmeleng/Gare; 13.00:Beetebuerg/Kierch; 13.25:Lëtzebuerg/Gare (vis-à-vis Post); 13.30:Lëtzebuerg/Glacis,Union-Strooss (vis-à-vis Kapell); 14.00:Hinzert

Bus C (Demy Cars II): 12.15: Äischen-Denn; 12.20 Habscht/Schoul; 12.30 Sell/Zentrum; 12.40 Bruch, 12.50 Miersch/Gare; 13.00  Méisdref; 13.15 Larochette; 13.45 Grenz; 14.10 Hinzert

D’Bussen B an C (Demy Cars I an II) waarden een op deen aneren um Glacis a fueren zesummen op Hinzert. Direkt no de Commémoratiounsfeieren zu Hinzert fueren d’Bussen nees hannescht op Lëtzebuerg.

Et ass onbedingt néideg sech virum 18. September unzemellen:

  • fir de Bus A um Telefon 99 81 32 (Stephany, Ëlwen)

  • fir d’Busse B an C um Telefon 58 64 71 (Jos. Meunier, Déifferdeng).

(communiqué par le Conseil national de la Résistance)

Dernière mise à jour