Commémoratiounsfeieren zu Hinzert

De Comité directeur du souvenir de la Résistance an d’Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, de 18. September, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d’Famillje vun de Victimen an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger riicht sech dësen Appell.

Déi international Feier ass ëm 14 Auer. Si gëtt musikalesch encadréiert vum Lëtzebuerger Trompettist Edmond Faber. D’Gedenkusprooch gëtt gehale vum Professor Dr. E. Jürgen Zöllner, Minister fir Wëssenschaft, Weiderbildung, Fuerschung a Kultur vu Rheinland-Pfalz. Bei dëser Geleeënheet gett och de Grondsteen geluegt fir den Dokumentatiounszenter.

D’Mass ass em 15 Auer virun der Hinzerter Kappell. Si gëtt gehale vum Abbé Patrick Muller ënnert der Matwirkung vum Gesangveräi vu Baastenduerf.

Bei schlechtem Wieder gëtt d’Ceremonie beim Monument an engem Zelt ofgehalen.

Hei de Programm vun de gratis Bussen, déi op Hinzert fueren:

Nordstreck:

Bus A (Stephany):

10.40: Elwen/Gare
10.45: Weiler/Halt
10.50: Helzen/Bushalt
10.55: Houffelt/Halt
11.05: Eselbuer/Halt
11.10: Clierf/Gare
11.15: Marnech/Kierch
11.20: Housen/Kierch
11.25: Schincker
11.40: Veianen/Gare
11.45: Bëttel/Halt
11.50: Furen/Halt
11.55: Baastenduerf/Halt
12.05: Tandel/Halt
12.10: Dikrech/Kierch
12.15: Angelduerf/Bréck
12.20: Ettelbréck/Pensionat
12.50: Iechternach/Gare
13.35: Hinzert

Umeldungen fir de Bus A: Autobus STEPHANY Tel.: 99 81 32

Streck West-Süd-Ost:

Bus B (Demy Cars I):

11.15: Kleinbettingen /Caisse rurale
11.25: Bascharage/Kierch
11.30: Biff
11.40: Déifferdeng/Contournement
11.45: Uewerkuer/Postes
11.50: Bieles/Police, Esch/Uelzecht/Place Benelux
12.00: Esch/Uelzecht/Gare
12.05: Scheffleng/Kierch
12.10: Rëmmeleng/Gare
12.15: Käl/Postes
12.25: Diddeleng/Gare
12.35: Beetebuerg /Kierch
12.55: Lëtzebuerg/Gare
13.00: Lëtzebuerg/Glacis
13.40: Hinzert

Bus C (Demy Cars II):

11.40: Äischen/Garage Demy-Cars
11.45: Stengefort/Gemeng
11.50: Habscht/Schoul
12.00: Sell/Schoul
12.10: Bruch/Kierch
12.20: Miersch/Centre Marisca
13.00: Lëtzebuerg/Glacis
13.20: Waasserbëlleg/Grenz
13.40: Hinzert

Umeldungen fir d’Busse B an C um Telefon 39 90 58,  Anne-Marie Toussaint

Et ass onbedingt néideg, sech virum 16. September 2004 unzemellen.

(communiqué par Comité directeur du souvenir de la Résistance)

Dernière mise à jour