Commemoratiounsfeieren zu Hinzert de 16. September 2006

De Comité directeur du souvenir de la Résistance an d’Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, de 16. September 2006, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d’Famillje vun de Victimen, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.

De Programm fir dësen Dag ass wéi déi Jore virdrun, d.h.:

  • Um 14 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier virun der Hinzerter Kappell:
    D’Mass gëtt gelies vum Abbé Georges Gevigné, a fir de Gesank suergt d’Chorale vu Baastenduerf. Si gëtt musikalesch encadréiert vum Clairon Edmond Faber.
  • Um 15.30 Auer ass déi international Feier, déi dëst Joer vu Frankräich presidéiert gëtt. Si fënnt am neien "Dokumentations- und Begegnungshaus" statt mat dësem Programm: Begréissung duerch den Dr. Dieter Schiffmann, Direkter vun der "Landeszentrale für politische Bildung"; Usprooch vum Dr. Henri Reynaud, franséische Consul général. No der Virliesung vun Zäitzeientexten an de Seegensgebieder gi Blummen néiergeluegt.
    Virun der internationaler Feier (géint 15 Auer) gëtt virum Dokumentationshaus déi néi kënschtleresch Installatioun vum Sculpteur Christoph Mancke virgestallt.

Hei de Programm vun de Bussen, déi op Hinzert fueren:

Bus A Stephany:
11.30 Elwen/Gemeng
12.05 Ettelbréck/Gare
12.15 Dikrech/Gare
12.50 Iechternach/Gare
13.35 Hinzert

Bus B Stephany:
12.15 Baastenduerf
13.35 Hinzert

Umeldunge fir d’Bussen A a B: Autobus Stephany, Tel.: 99 81 32

Bus C Demy Cars:
11.15 Klengbetten/Caisse rurale
11.25 Bascharage/Kierch
11.30 Biff
11.40 Déifferdeng/Contournement
11.45 Uewerkuer/Post
11.50 Bieles/Police
11.55 Esch/Uelzecht/Place Benelux
12.00 Esch/Uelzecht/Gare
12.05 Schëffleng/Kierch
12.10 Rëmeleng/Gare
12.15 Käl/Post
12.25 Diddeleng/Gare
12.35 Beetebuerg/Kierch
12.55 Lëtzebuerg/Gare
13.00 Lëtzebuerg/Glacis
13.40 Hinzert

Bus D Demy Cars:
11.40 Äischen / Garage Demy Cars
11.45 Stengefort / Gemeng
11.50 Habscht / Schoul/
12.00 Sëll / Schoul
12.10 Bruch / Kierch
12.20 Miersch / Centre Marisca
13.00 Lëtzebuerg / Glacis
13.20 Waasserbëlleg / Grenz
13.40 Hinzert

Umeldunge fir d’Bussen C an D: Madame Anny Bruck, Tel.: 24 10 85

Umeldungen: Spéitstens bis de 14. September 2006

(communiqué par le Comité directeur du souvenir de la Résistance)

Dernière mise à jour