Commémoratiounsfeieren zu Hinzert (19.09.2009)

De Comité directeur du souvenir de la résistance an d'Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, den 19. September 2009, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d'Famillje vun de Victimen, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.

De Programm fir dësen Dag ass wéi déi Jore virdrun, d.h.:

  • Um 14 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier virun der Hinzerter Kappell:

D'Mass gëtt gelies vum Abbé Georges Gevigné an Abbé Patrick Muller, a fir de Gesank suergt d'Chorale vu Baastenduerf. Si gëtt musikalesch encadréiert vum Clairon Edmond Faber.

  • Um 15.30 Auer ass déi international Feier, déi dëst Joer vu Lëtzebuerg presidéiert gëtt. Si fënnt am neien "Dokumentations- und Begegnungshaus" statt, mat dësem Programm:
    • Begréissung duerch den Dr. Dieter Schiffmann, Direkter vun der "Landeszentrale für politische Bildung";
    • Usprooch vum franzéische Generalkonsul Thierry Zarrella.

No der Virliesung vun Zäitzeientexten an de Seesgebieder gi Blummen néiergeluegt.

Hei de Programm vun de Bussen, déi op Hinzert fueren:

Bus A Stephany:

11.15 Elwen/Gemeng
11.50 Ettelbréck/Gare
12.00 Dikrech/Gare
12.35 Iechternach/Gare
13.35 Hinzert

Bus B Stephany:

12.15 Baastenduerf
13.35 Hinzert

Umeldunge fir d'Bussen A a B: Autobus Stephany, Tel.: 99 81 32

Bus C Demy Cars:

11.00 Klengbetten/Caisse rurale
11.10 Bascharage/Kierch
11.25 Déifferdeng/Contournement
11.30 Uewerkuer/Post
11.35 Bieles/Police
11.40 Esch/Uelzecht/Place Benelux
11.45 Esch/Uelzecht/Gare
11.50 Schëffleng/Kierch
11.55 Rëmeleng/Gare
12.00 Käl/Post
12.10 Diddeleng/Gare
12.20 Beetebuerg/Kierch
12.40 Lëtzebuerg/Gare
12.45 Lëtzebuerg/Glacis
13.25 Hinzert

Bus D Demy Cars:

11.40 Äischen / Garage Demy Cars
11.45 Stengefort / Gemeng
11.50 Habscht / Schoul
12.00 Sëll / Schoul
12.10 Bruch / Kierch
12.20 Miersch / Centre Marisca
12.45 Lëtzebuerg / Glacis
13.05 Waasserbëlleg / Grenz
13.25 Hinzert

Umeldunge fir d'Bussen C an D: Madame Anne-Marie Toussaint, Tel.: 39 90 58

Umeldungen: Spéitstens bis de 17. September 2008

(communiqué par le Comité directeur du souvenir de la résistance)

Dernière mise à jour