Op dëser Journée nationale, déi vum "Comité directeur pour le souvenir de la résistance" organiséiert gëtt, denke mir wéi ëmmer un déi 23 Resistenzler, déi de 25. Februar 1944 - viru 66 Joer! - am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen. Doriwwer eraus ower soll un all déi Doudeg vun der Resistenz erënnert ginn, déi an anere Kazetter oder an de Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe fir d'Heemecht hierginn hunn.
Offizielle Programm vun de Commémoratiounsfeieren:
11.00 Auer: Mass an der Glacis-Kapell, gehale vum Abbé Patrick Muller.
Et sengt d'Chorale des Exilés ënner der Direktioun vun der Madame Petrovic a mat der Participatioun vum Clairon Edmond Faber.
11.50 Auer: Formatioun vum Cortège mat, un der Spëtzt, en Détachement vun der Arméi, der Militärmusék an de Fändele vun der Resistenz.
De Wee bis op de Kiirfecht as net wäit, sou datt d'Resistenzler an hir Sympathisante sech, wann nëmme méiglech, dem kuurze Cortège uschléisse sollen.
12.00 Auer: Cérémonie virum Hinzerter Kräiz:
- Choral exécutéiert vun der Militärmusék.
- Seenong vun de Griewer duerch d'Vertrieder vun den 3 Reliounen.
- Néierleeë vu Blummen duerch d'Autoritéiten an d'Resistenzler.
- Sonnerie aux Morts.
- Usprooch vum President vum CdSR, Albert Hansen.
- Heemecht.
- Traditionnelle Rondgang laanscht d'Griewer vun de Victimen.
(communiqué par le Comité directeur pour le souvenir de la résistance)