Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, den 18. September 2010

De Comité directeur du souvenir de la résistance an d'Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, den 18. September 2010, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d'Famillje vun de Victimen, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.

De Programm fir dësen Dag ass wéi déi Jore virdrun, d.h.:

  • Um 14 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier virun der Hinzerter Kappell
  • Um 15.30 Auer ass déi international Feier am "Dokumentations-Center"

(communiqué par le Comité directeur du souvenir de la résistance)

Dernière mise à jour