Commémoratiounsfeieren zu Hinzert (17.09.2011)

De Comité directeur du souvenir de la résistance an d'Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, den 17. September 2011, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen.

Och un d'Famillje vun de Victimen, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.

De Programm fir dësen Dag ass wéi déi Jore virdrun, d.h.:

  • Um 14 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier bei der Kappell;
  • Um 15.30 Auer ass déi international Feier am Dokumentatiouns-Center.

Communiqué par le Comité directeur du souvenir de la résistance

Dernière mise à jour