Commemoratiounsfeieren zu Hinzert (21.09.2013)

De Comité directeur pour le souvenir de la résistance an d'Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, de 21. September 2013, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d'Famillje vun de Victimen, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.

De Programm fir dësen Dag ass wéi déi Jore virdrun, d.h.:

  • Um 14.00 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier bei der Kapell: d’Mass gët gelies vum Här Abbé Patrick Müller; fir de Gesank suergt d’Chorale Ste-Cécile vun Ëlwen ënnert der Direktioun vun der Mme Sandra Kringels; Organist as den Här Ferdy Kreins; Clairon d’honneur: Här Edmond Faber. Bei schlechtem Wieder gët d'Feier am Dokumentatiouns-Center ofgehal.
  • Um 15.30 Auer as déi international Feier am Dokumentatiouns-Center: Dëst Joër gët d’Usprooch gehale vun der Mme Sophie Laszlo, Consule générale de la République Française zu Frankfurt.

Hei d’Horairen vun deene 3 Bussen, déi de 21. September 2013 op Hinzert fueren a bei wiem Dir Iech umelle kënnt:

Bus A Stephany:

11.00 Troisvierges / commune
11.35 Ettelbruck / gare
11.45 Diekirch / gare
11.50 Baastenduerf
12.25 Echternach / gare
13.35 Hinzert

Bus B Stephany:
(nëmme fir d'Chorale vun Ëlwen)

11.00 Troisvierges / kiosque
11.30 (Sankt-Vith)
13.35 Hinzert

Umeldunge fir d’Bussen A + B: Autobus Stephany, Tél.: 99 81 32 bis spéitstens e Mëttwoch de 18. September 2013

Bus C Demy-Cars:

11.35 Eischen / garage Demy Cars
11.45 Hobscheid / école
12.00 Saeul / école
12.05 Brouch / église
12.15 Mersch / centre Marisca
12.45 Luxembourg-Glacis (Busparking)
13.05 Wasserbillig / frontière autoroute (P+R Autobunn Richtung Tréier)
13.25 Hinzert

Umeldunge fir de Bus C: Anne-Marie Toussaint, Tél.: 39 90 58 bis spéitstens e Mëttwoch de 18. September 2013

WICHTEG: fir dass Busse mat Zäit zu Hinzert ukommen, mussen d’Zäiten vum Fuerplang genee agehale gin! De Bus fiert pénktlech fort!

Communiqué par le Comité directeur pour le souvenir de la résistance

Dernière mise à jour