Commemoratiounsfeieren zu Hinzert (20.09.2014)

De Comité directeur pour le souvenir de la résistance an d'Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, de 20. September 2014, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d'Famillje vun de Victimen, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.

De Programm fir dësen Dag ass wéi déi Jore virdrun, d.h.:

  • um 14.00 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier bei der Kapell.

D’Mass gëtt gelies vum Här Abbé Patrick Müller; fir de Gesank suergt d’Chorale vun Uewerwampich, Nidderwampich a Brootebaach ënnert der Direktioun vum Här Francis Hoffmann. Den Här Hoffmann begleet si och op der Guitare. Clairon d’honneur : Här Edmond Faber.

Bei schlechtem Wieder gëtt d‘Feier am Dokumentatiouns-Center ofgehal.

  • um 15.30 Auer ass déi international Feier am Dokumentatiouns-Center.

Dëst Joër gëtt d’Usprooch gehalen vum Dr. Herbert Ruland, Wissenschaftlicher Leiter der Arbeitsabteilung GrenzGeschichte der Autonomen Hochschule der Deutschsprachigen Gemeinschaft Belgiens, Eupen. 

Communiqué par le Comité directeur pour le souvenir de la résistance

Dernière mise à jour