Commemoratiounsfeieren zu Hinzert (19.09.2015)

De Comité directeur pour le souvenir de la résistance an d'Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert den 19. September 2015, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d'Famillje vun de Victimen, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.

De Programm fir dësen Dag ass wéi déi Jore virdrun, d.h.:

  • um 14:00 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier bei der Kapell.

D’Mass gëtt gelies vum Abbé Patrick Müller; fir de Gesank suergt d’Chorale vu Basbellain-Hautbellain ënnert der Direktioun vum Charel Geiben. Si gi begleet vum Luc Reff.Clairon d’honneur: Edmond Faber.

Bei schlechtem Wieder gëtt d‘Feier am Dokumentatiouns-Center ofgehal. 

  • um 15:30 Auer ass déi international Feier am Dokumentatiouns-Center.

Dëst Joër gëtt d’Usprooch gehale vun eisem Premierminister Xavier Bettel.

Communiqué par le Comité directeur pour le souvenir de la résistance (CDSR)

Dernière mise à jour