Commemoratiounsfeier zu Hinzert (17.09.2016)

D’Amicale Hinzert, an Zesummenaarbecht mam Service mémoire vum Staatsministère, luet all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, de 17. September 2016, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d’Famillje vun den Affer, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.

De Programm fir dësen Dag:
um 14 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier bei der Kapell.

D’Mass gëtt gelies vum Abbé Patrick Muller; fir de Gesang suergt d’Chorale D’Sänger vun der Heed, ënnert der Direktioun vun der Madame Marie-Paule Johanns-Hamer. Si gi begleet vum Här Jean Schon. Clairon d’honneur: Här Edmond Faber.

Bei schlechtem Wieder gëtt déi Feier am Dokumentatiouns-Center ofgehalen.

Um 15.30 Auer ass déi international Feier am Dokumentatiouns-Center:
Dëst Joer gëtt d’Usprooch gehale vum Här Franck Ristori, Consul général adjoint vu Frankräich zu Frankfurt.

Communiqué par le ministère d'État et le Comité directeur pour le souvenir de la Résistance (CDSR)

Aktualiséiert