Comité directeur pour le souvenir de la résistance // Le gouvernement luxembourgeois

Attributiounen

De Comité koordinnéiert d'Aktivitéite vun den Resistenzveräiner, uecht zum Schutz vum Gedenken un d'Resistenz a kann, am Kader vun der Ausübung vu senge Missiounen, bei d'ëffentlech Administratiounen antrieden an den Intérêt vun de Membere vun de Resistenzveräiner.

Weiderliesen

Noriichten

  • Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Ëmsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der Resistenz, déi de 25.02.1944 am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert an zu Köln ëmbruecht goufen.

  • E Samschdeg, de 15. September 2018 organiséiert d’Amicale Hinzert an Zesummenaarbecht mam Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale am fréiere KZ zu Hinzert eng Commemoratiounsfeier.

  • D’Amicale Hinzert, an Zesummenaarbecht mam Service mémoire vum Staatsministère, luet all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, de 17. September 2016, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d’Famillje vun den Affer, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.